Donnerstag, 6. Dezember 2012
Mittwoch, 21. November 2012
Montag, 22. Oktober 2012
Freitag, 19. Oktober 2012
Prënzenhochzäit an der Stad
D'Stad bleift op, et gëtt awer net einfach, fir mam Auto eranzekommen. Dohir den Appel, vum Xavier Bettel fir den ëffentlechen Transport ze notzen.
D'Bussen an Zich si samschdes gratis – dat huet och den Transportminister Claude Wiseler präziséiert.
méi ...
Alles iwwert d’Prënzenhochzäit vum Joer
Mittwoch, 12. September 2012
sech virstellen
sech
virstellen sich
vorstellen to introduce oneself
Moien wéi geet
et? Guten Morgen, wie
geht es? Good morning, how are you?
Ech heeschen
Marie. Ich heiße Marie. My
name is Marie.
Ech si Lëtzebuergerin. Ich bin Luxemburgerin. I am Luxemb(o)urger.
Ech hunn zweeanzwanzeg
Joer. Ich bin
zweiundzwanzig (Jahre alt). I am twenty-two (years old).
Ech wunnen zu
Iechternach. Ich wohne in
Echternach. I live in Echternach.
Ech si
Jonggesellin. Ich bin
Junggesellin. I am a bachelor (woman).
Ech hu keng
Kanner. Ich habe keine Kinder.
I don't have children.
Ech studéieren
Konschtgeschicht. Ich
studiere Kunstgeschichte. I study art history.
Ech schwätze
sechs Sproochen: däitsch, franséisch, englesch, italienesch, spuenisch a lëtzebuergesch.
Ich spreche sechs
Sprachen: deutsch, französisch, englisch, italienisch, spanisch und
luxemburgisch.
I speak six languages: German, French, English, Italian,
Spanish and Luxembourgish.
Montag, 30. Juli 2012
Serge Tonnar & Legotrip
Laksembörg-Sitti
Serge:
D'Stad heescht Stad an net Laksembörg-Sitti
Dat weess hei am
Land dach all Kätti an all Pitti
Zu Diddeleng
d'Ignitti an zu Ettelbréck all Litti
All Strummert op
der Gare an am Pescatore all Ditti
D'Haptstad vum
Land heescht ganz einfach Stad
Well de
Lëtzebuerger jo soss keng Stad méih hat
Mee d'Stad gëtt sech glat, dat wat gëllt ass d'Fassad
Mam Reklammenapparat
e Facelifting gemaacht
Ech sinn e Stader
Jong ma vun där Stad kréihen ech de Sout
'T ass keng Stad fir dran ze liewen an no 6 ass se dout
An denkt emol
drun, tëscht de Bijouen an der Moud
Virun 100 Jor
gouf um Glacis nach geplout
Vum Bauer zum
Banker an dat ouni Tëschestopp
An de Piff hängt
hinnen nach un de Suelen drop
An déi Stader
Politiker gi sech gär ganz Top
Mee hier Zopp ass
e Flopp, Laksembörg-Sitti, hal dach op!
Laksembörg-Sitti,
wärri pritti
Wärri dout, dout,
wärri dout, dout
Laksembörg-Sitti,
uatt e pitti
Wärri dout, dout,
wärri dout
Corbi:
ech sin en
Zolwerbouf an wel di Stader net verletzen
si hu
schliesslech keng Arbed mat daer si sech kenne bretzen,
ech wel naischt
dovu wessen an um Uasch setzebleiwen
ech loossen mir
leiwer eppes vun den Inder viirschreiwen
well d Haaptstaat
vum Sueden jo dat as de Minett
die mat der rauer
Binett, gleew mir fro mol d Ginette
mee an der Stad
leeft eng, op manst bis 6 Auer
dat eenzegt wats
du bei eis gesais as den Traktor an de Bauer
ech sin en
Zolwerbouf an ech gin hei nët mei fort,
mir hun zwar
flait kee Smog, mee dofir fäine piffgeroch
an e Minetter
brauch kee Schickimicki a keng Moud
well irgendwei
get bei eis haut nach geplout
maer sin sou wei
maer sin, vun der Long op d Zong
eis Fangerneel si
knaschteg a mir hu Bulli un de Schong
jo di Stader
kenen eis Mentaliteit roueg haassen
well mir eis wie
di Mierscher net mam falsche Glanz befassen
Laksembörg-Sitti,
wärri pritti
Wärri dout,
dout, wärri dout, dout
Laksembörg-Sitti,
uatt e pitti
Wärri dout,
dout, wärri dout
ass dat ...
Serge:
Léiwt Kätti,
léiwe Pitti, ech wunnen zwar zu Miersch
Mee meng Eltere si
Minetter, an ech si vum Lampertsbierg
Ech weess vu wat
ech schwätzen, an als Stader son ech Iech
Déi Stad ass saat
ze glaat vum Gronn op de Kierchbierg
Corbi:
Lauter iwwel
Fierz déi d'Loft mat hire Kuare verpeschten
D'Haaptsaach
d'Paltongszéier, déi kommen op hier Käschten
Wou si mer
geland, mir liewen an enger PlastiksWelt
Wou jideree sech
sou gëtt datt en deem anere gefällt.
Serge:
Léif Stader
Haryen, mir wëssen net wat dir gär hätt do
Eng Stad ass dach keng VIP-Lounge a keen
Entertainment-Ghetto
Corbi:
Aplaz all Bopebistro an all Bomebuttek ze verjon
Loost se gon, loost se ston, loost mol neess eppes entston
Serge:
D'Stad gehéiert net de Flicen an och net de Paschtouren
Corbi:
A scho guer net dene Bloen déi eis de Kapp voll souren
Zesummen:
Maacht d'An op, a spëtzt emol är Ouren
Samstag, 14. Juli 2012
Abonnieren
Posts (Atom)