Sonntag, 29. Januar 2012

Video 9 (mein, dein, sein)



(männlich:) Mäin Auto ass futti. Mein Auto ist kaputt.
(weiblich:) Meng Televisioun ass deier. Mein Fernseher ist teuer.
(sächlich:) Mäin Haus ass schéin. Mein Haus ist schön.
(Pl. m.) Meng Autoe si futti. Meine Autos sind kaputt.
(Pl. w.) Meng Televisioune si deier. Meine Fernseher sind teuer.
(Pl. s.) Meng Haiser si schéin. Meine Häuser sind schön.
(m.) Ech schwätze mat mengem Bouf. Ich spreche mit meinem Sohn.
(w.) Ech schwätze mat menger Duechter. Ich spreche mit meiner Tochter.
(s.) Ech schwätze mat mengem Kand. Ich spreche mit meinem Kind.
(Pl. m.) Ech schwätze mat menge Bouwen. Ich spreche mit meinen Söhnen.
(Pl. w.) Ech schwätze mat mengen Duechteren. Ich spreche mit meinenTöchtern.
(Pl. s.) Ech schwätze mat menge Kanner. Ich spreche mit meinen Kindern.

Freitag, 27. Januar 2012

Video 8 (die Diphtonge)

d’Diphtongen die Diphtonge
néng Beispiller neun Beispiele
Moien. Guten Morgen
Haut schwätze mer iwwer ning (néng) Diphtongen. Heute sprechen wir über neun Diphtonge.

1. éi
2. ei / ai
3. ou
séier schnell
nei neu
wou wo
spéit spät
eidel leer
grouss groß
méi mehr
eis uns
rout rot
Déier Tier
schreiwen schreiben
frou froh
Kéi Kühe
deier teuer
Schoul Schule
Fléi Flöhe
bleiwen bleiben
Mound Mond
schéin schön
Eisen Eisen
kammoud praktisch
Stréi Stroh
Leit Leute
Ouer Ohr
Béier Bier
Scheier Scheuer
Schueberfouer Jahrmarkt
Bréifdréier  Briefträger
Gebai Gebäude
Plou Pflug
Schéier Schere
Mais Mäuse
ouni ohne

Lais Läuse
ou? ach so?



4. ue
5. ie
6. äi
muer morgen
hien er
mäin mein
lues langsam
wien wer
näischt nichts
fueren fahren
riets rechts
Wäin Wein
Duerf Dorf
iessen essen
kräischen weinen
Wuert Wort
giel gelb
dräi drei
Kuerf Korb
Miel Mehl
jäizen schreien
Schued Schaden
Kierch Kirche
gläich gleich
Kueder Kater
Mier Meer
Zäit Zeit
Suergen Sorgen
iech euch
Räis Reis
Schueberfouer Jahrmarkt

Säit Seite
Zuel Zahl

Bläi Blei


Schäin Schein
mäin, däin, säin mein, dein, sein

7. au
8. au
9. oi, eu, ue, oy, äu
Mauer Mauer
Maus Maus
Moien Guten Morgen
Bauer Bauer
eraus raus
moies morgens
sauer sauer
Haut Haut
Lëtzebuerger …
klauen klauen
Haus Haus

Drauf Traube
Braut Braut

bauen bauen
Bau Bau

Auer Uhr
tauschen tauschen

Stau Stau
kaum kaum

Meng Haut deet mär haut wéi. Meine Haut tut mir heute weh. 
Hei uewen op der Mauer nieft der Kierch läit e lëtzebuerger Bauer. Hien huet de Bauch wéi.
Hier oben auf der Mauer bei der Kirche liegt ein luxemburger Bauer. Er hat Bauchweh.
Ah sou! Nun ja !

Mittwoch, 25. Januar 2012

Video 7 (krank sein)

Moie Jérôme, wéi geet et? Guten Morgen Jérôme, wie geht’s ?
- Net gutt. Nicht gut.
Wat ass da lass? Was ist denn los?.
- Ech si krank. Ich bin krank
Wat hues de dann? Was hast du denn?
- Ech hu mech erkaalt, ech hunn de Kapp wéi, den Hals wéi a meng Nues ass zou. Ich habe mich erkältet, mir tut der Kopf weh, der Hals weh und meine Nase ist zu.
Hues du da Féiwer? Hast du denn Fieber?
- Neen, ech hu keng Féiwer. Nein, ich habe kein Fieber.
Firwat hues du dech dann erkältet? Warum hast du dich denn erkältet?
- Dobaussen huet et gereent, an ech hat kee Präbbeli bei mir. Draußen hat es geregnet und ich hatte keinen Regenschirm dabei.
O mei, da muss de an Zukunft besser oppassen. Meine Güte, da musst du in Zukunft besser aufpassen.
- Jo, dat stëmmt. Ech kafe mer elo eng Jackett mat enger décker Kaputz. Ich kaufe mir jetzt eine Jacke mit einer dicken Kapuze.
Waars de da scho bei den Dokter? Warst du denn schon beim Arzt?
- Neen, ech war nach net bei den Dokter. Nein, ich war noch nicht beim Arzt.
Hues de da Medikamenter? Hast du denn Medikamente?
- Jo, ech war mer an d’Apdikt Medikamenter sichen. Ja, ich war mir schon in der Apotheke Medikamente suchen/holen.
Et geet mer schon nees besser, mä ech sinn nach net ganz gesond. Es geht mir schon wieder besser, aber ich bin noch nicht ganz gesund.
Da versuerg dech nach gutt, a stiech mech wann ech glift net un. Pass gut auf dich auf und stecke mich bitte nicht an.
- Keng Angscht, ech ginn elo nees séier heem an da leeën ech mech an d’Bett. Keine Angst, ich gehe jetzt wieder schnell nach Hause und dann lege mich ins Bett.
OK, bis de nächste Kèier. OK, bis zum nächsten Mal.

Montag, 23. Januar 2012

Video 6 (anschauen und anhören)



Moien Astrid, wat méchs de? Guten Morgen Astrid, was machst du?

Ech surfen um Internet. Ich surfe im Internet.

Op deem klengen Apparat do? Da weis emol. Auf dem kleinen Apparat da. Da zeig mal.

Jo, ech si ganz iwwerrascht, wéi gutt dat geet. Ja, ich bin ganz überrascht, wie gut das geht.
Ech liese grad en Artikel iwwer Europa um Internet. Ich lese gerade einen Artikel über Europa im Internet.
Mä, ech kann awwer och Filmer kucken, zum Beispill eise klenge Clip fir Lëtzebuergesch ze léieren. Aber, ich kann (aber) auch Filme anschauen, zum Beispiel unseren kleinen Streifen zum Luxemburgisch lernen.
Ech kann och Musek oder aner Audio-Dateie lauschteren, z.B. Lëtzebuergesch léiere mat Mp3. Ich kann auch Musik oder andere Audio-Dateien anhören, z.B. Luxemburgisch lernen mit Mp3.
Ech kann och Photoe kucken, zum Beispill hei mat dir an eisem Grand-Duc. Ich kann mir auch Fotos ansehen, zum Beispiel hier mit dir und unserem Großherzog.
An d’Biller kann een och méi grouss maachen. Und die Bilder kann man auch größer machen.
Woaw, dat ass jo wierklech super. Kanns du mir och sou en Apparat kafen, wann ech glift? Wow, das ist ja wirklich super. Kannst du mir bitte auch so einen Apparat kaufen?
Deen Apparat ass guer net sou deier, dee kanns du dir och selwer kafen. Der Apparat ist gar nicht so teuer, den kannst du dir auch selbst kaufen.
Kann ech domat och telephonéieren? Kann ich auch damit telefonieren?
Neen, et ass keen Handy. Dat hei ass en IpodTouch vun Apple. Dee kann datselwecht wéi den Iphone vun apple, just net telephonéieren. Nein, das ist kein Handy. Das hier ist ein IpodTouch von Apple. Das kann dasselbe wie das Iphone von Apple, nur nicht telefonieren.
OK, Merci fir d’Informatioun. OK, danke für die Information.
Gär geschitt.  Gern geschehen.

Samstag, 21. Januar 2012

Video 5 (Tag, Monat, Zahlen und Uhrzeit)

Méindeg, Méinden; méindes Montag;  montags
Dënschdeg, Dënschden; dënschdes Dienstag; dienstags
Mëttwoch; mëttwochs Mittwoch;  mittwochs
Donneschdeg, Donneschden; donneschdes Donnerstag; donnerstags
Freideg, Freiden; freides Freitag; freitags
Samschdeg, Samschden; samschdes Samstag; samstags
Sonndeg, Sonnden; sonndes Sonntag; sonntags

Januar Januar
Februar Februar
Mäerz März
Abrëll April
Mee Mai
Juni Juni  usw.
Wéivill Auer ass et, wann ech glift? Wie viel Uhr ist es bitte?
Et ass néng Auer mueres (moies). Es ist neun Uhr vormittags/früh.
Et ass fënnef op néng oder néng Auer fënnef. Es ist fünf nach neun oder neun Uhr fünf.
Et ass véirel op néng oder néng Auer fofzéng. Es ist Viertel nach neun oder neun Uhr fünfzehn.
Et ass zwanzeg op néng oder néng Auer zwanzig. Es ist zwanzig nach neun oder neun Uhr zwanzig.
Et ass fënnef vir hal(l)wer zéng oder néng Auer fënnefanzwanzeg. Es ist fünf vor halb zehn oder neun Uhr fünfundzwanzig.
Et ass hal(l)wer zéng. Es ist halb zehn oder neun Uhr dreißig.
Et ass fënnef op hal(l)wer zéng oder néng Auer fënnefandrësseg. Es ist fünf nach halb zehn oder neun Uhr fünfunddreißig.
Et ass zwanzeg vir zéng oder néng Auer véierzeg. Es ist zwanzig vor zehn oder neun Uhr vierzig.
Et ass véirel vir zéng oder néng Auer néng Auer fënnefavéierzeg. Es ist Viertel vor zehn oder neun Uhr fünfundvierzig.

moies morgens
mëttes mittags
nomëttes nachmittags
owes abends
nuets nachts